Resilienztraining fir Kanner vun 7 bis 12 Joer

Mobbing fänkt dacks kleng un - a gëtt grouß wa Kanner sëch onsëcher fillen.

 

Dëst Format hëlleft:

 

✨ fréi ze stäerken

✨ Vertrauen opzebauen

✨ handlungssëcherheet ze kréien

✨ als Elteren/Pedagogen verstoen, wéi een begleeden kann

➡️ Präventioun am Plaaz Reparatur


An dësem interaktiven Training, mat Spill, Spaass, a Bewegung, léieren d´Kanner selbstbestëmmt fir sëch anzestoen an mat Konflikter positiv ëmzegoen.

 

Als Elterendeel oder Begleedpersoun kriss du Tools a Wëssen un d´Hand, wéis du däi Kand, kanns stäerken an begleeden fir Mobbing entgéint ze wierken


Wat léieren déi kleng 🦁 ?


- sëch selwer ze vertrauen, u sëch selwer gleewen

- kloer "Stop" ze soen

- Grenzen ze spieren an ze setzen

- mat schwierëge Situatiounen roueg a staark ëmzegoen.

- Gefiller verstoen an kommunizéieren

- Selbstbewosstsinn an Selbstsëcherheet stäerken

 

Wat huelen déi grouß 🦁 mat?


- wéi een Mobbing versteet

- wéi een richteg réagéiert, wann d´Kand erzielt

- wéi een d´Kand stäerkt amplaz et direkt ze "retten"

- konkret Sätz a Strategien fir den Alldag



Resilienztraining an der Maison Relais, an der Schoul, fir deng Klass oder de Veräin.

 Du bass Enseignant(e), Pedagog(in), Erzéiher(in) oder schaffs an engem Veräin mat Kanner?

 

Den Training stäerkt nët just d´Kanner, mee och den Zesummenhalt an den Teamgeescht.

 

Du wëlls deng Kanner déis du begleeds stäerken?

Da mell dech bei mir a gemeinsam fanne mir de Wee, deen fir dech an däi Grupp Kanner passt. 

 

 

Froen ? Da schreiw mir gären. 

 

[email protected]