E Kand wat vill fillt brauch Menschen ronderëm déi him Sëcherheet schenken an Raum fir Regulatioun bidden.
Een Gefühlsstuerm ass ustrengend fir dee klenge Mënsch, mee och oft fir déi Mënschen déi e begleeden. Virun allem dann, wa mir nach sëlwer nët geléiert hunn, eis an eise Gefiller ze haalen.
Vlaicht loossen déi Gefiller vu dengem Kand och Zweifel a Schimmt bei dir aus. De ganzen emotionale Stress staut sëch och an dengem System.
Dofir ass ët essentiel ze verstoen, wéi eist Nervesystem fonktionnéiert, wat ët brauch fir sëch sëcher ze fillen a wéi mir eis an eis Kanner an sou schwéiere Momenter begleeden kënnen. A wéi ët mat der Zäit och méi liicht dierf ginn.
- Firwat reagéiert mäi Kand esou?
- Wat brauch mäin héichsensibelt Kand am Alldag
- Wat ass Nervensystemregulatioun?
- Wéi kann ech bewosst méi Regulatioun am Alldag abauen?
- Wéi begleeden ech mäi Kand entspaant duerch den Stuerm?
- Tools fir däin Kand an dëch an dengem Alldag ze stäerken
Umeldung per E-Mail oder Kontaktformular.
Nächsten Termin:
kënnt geschwënn
Däi Raum fir deng individuell Froen a Suergen betreffend deng Situatioun mat dengem Kand. Gemeinsam kucke mir:
Wéis du däi Kand doheem ënnerstëtze kanns a wats du aktuell an denger herausfuerdernder Situatioun brauchs.
Just Online iwwer ZOOM 60-90 Min. 90-120 €
Schreif mir gären fir een RV oder fëll de Kontaktformular aus. :)
