Welcome, du wonnerbar Séil ♡

 

37 Joer al

 

 Mama vun 3 Kanner an 2 Stärenkanner 

 

 aus dem Wëlle Westen vu Lëtzebuerg

 

Meng Berufung(en): Léierin, Resilienztrainerin, Weebegleederin, DōTERRA Botschafterin

 

Wat mëch nährt? danzen, sangen, Gemeinschaft, Neies léieren, eise Gaart an déi wonnerschéin Natur.

 

Meng Visioun? Eng Gesellschaft rëm méi verbonnen mat sëch, der Natur an der Gemeinschaft. 

 

Meng Geschicht

  2014 sinn ech eng eichte Kéier Mamm  ginn. Mat engem Kand war dat jo nach alles esou ze wuppen. (also andeems ech einfach weider fonktionnéieren) Mee wéi dun eist Meedchen 2017 dobäi koum, an déi intensiv Gefillsausbrëch eis ganz Famill erausgefuerdert hunn, sinn ëch Joeren laang ëmmer ërem iwwert meng Limitten eraus gaangen. 

 

Ech wees wéi intensiv den Alldag ka sinn, wann e vill e spiert, wann e vill ophëllt. 

 

A wéi séier een an d´Fonktionéieren rutscht. 

 

Laang Zäit hunn ech gemengt, ech misst just méi staark sinn. 

Méi resilient ginn. Wëll schließlëch packen déi aner ët jo och. 

De Verglach, den Drock ... ech hunn ëmmer méi probéiert ze fonktionnéieren.

 

Bis ëch kierperlëch an emotional ëmmer méi zerbrach sinn. 

 

Mat People Pleasing hunn ech mech laang iwwer Waasser gehaal, bis mäi Kierper ugefaangen huet mat Panik an Ängschten ze réagéieren.

 

An ëch wosst, dass ëch esou nët méi kann weider man... An esou hunn ech ugefaangen a mengem Lierwen, suwuel am Baussen, wéi am Bannen obzeraumen.

 

"Ech war nie falsch, mee ech hu mech selwer verluer gehat, andeems ëch als Mamm, als Fra alles wollt richteg man. "

 

Aus all deene Weiderbildungen & Ausbildungen déi ech an eichter Linn gemeet hu fir mir selwer ze hëllefen ass eng nei Passioun gewues. Duerch meng eegen Kandheetsgeschicht hunn ech ugefaangen mech ëmmer méi mat Trauma/Emotiounen/Nervensystem & Co auserneen ze setzen. An aus all deene Weiderbildungen & Ausbildungen déi ech an éichter Linn gemeet hu fir mir selwer ze hëllefen ass eng nei Passioun gewues. Speider koum dun dat Ganzheetlëcht dobäi an ech sinn haut der Iwwerzeegung, dass mir e groußen Afloss ob eist Erlierwen a Lierwen kënnen hunn, wann mir bereet sinn Verännerungen unzegoen.

 

"Nach nie hunn ech an eng Box gepasst. An haut stinn ech dozou."

 

Nach nie hunn ech an eng "Box" gepasst. Schon ëmmer hat ech vill Begeeschterungen an hunn mëch schwéier gedo, mëch ob een Beruf ze fokusséieren. Och als Léiherin, war ech nierwelaanscht nach an der Musekschoul engagéiert an a Veräiner täteg. 

 

Meng Berufung ass ët Mënschen ze begleeden an hierem Wuessen, an hierer Gefillswelt. Ob an der Schoul, doheem déi eegen Kanner, an mengen Workshops oder an mengen Begleedungen. Verännerungen, nei Routinen, nei Entscheedungen, Aales lassloossen oder och Musteren erkennen. Dofir brauch ët oft eng zweet Persoun, déi engem dobäi hëlleft. Eng Persoun déi dee Wee och scho vlaicht gaangen ass. Ech wees, wat fir e Boost e sou Mënsch un denger Säit ka sinn, deen un dëch gleeft an dir hëlleft deng Bausteng an dengem Lierwen nei ze tesselen.

 

DU BASS DÄI WICHTEGSTE PROJET. 

 

A genua do setze mir un. 

 

Laang hunn ech geduecht, dass de System sëch ännere muss. Bis ëch verstan hat, dass ëch de Regisseur vu mengem Lierwen sinn. An du kanns dat och léieren. Bleif also gären hei a loos dëch inspiréieren.

Ausbildungen an Intensiv-Programmer déi mäi Lierwen bis elo beräichert hunn...

 

- Bachelor en Sciences de l´éducation (Belgique) (2012)

- Musikgarten (2014) 

- Meine Stimme in mir (2017)

- Waldbaden (2019)

- "Babysteps" von einfach Eltern (bedürfnisorientierte Begleitung von Babys & Kleinkindern) 2019

- Familyculture Aufbau von Avital Levy Schreiber (2021)

-  Selbstbehauptungs- und Resilienztrainerin für Kinder (Stark auch ohne Muckis Ausbildung nach Daniel Duddek) 2023

- Wundervibe Methode (EMbodiment) nach Melanie Paonam (2024)

-the reconnected // Nervous System Reset (2025)

- Aromatherapie (2026)

 

 

Froen ? Da schreiw mir gären. 

 

[email protected]