Mamm vun dräi Kanner (2014, 2017, 2021) mat engerm wonnerbare Papp u menger Säit.
Resilienztrainerin & Weebegleederin
Holistic Embodiment Mentorin
Coach fir bindungs- & bedürfnisorientierte Erzéihung
Visionärin fir selbstbestëmmte Bildung
fréiher Musik- & Grondschouljoffer
Generator 2/4
Mäi Numm ass Michèle an ech lierwen mat mengem Häerzenspartner & eisen dräi Kanner zu Lëtzebuerg am Wëlle Westen.
Als Kand an jonkt Meedchen war ech ëmmer bekannt als, dat Mädchen wat vill laacht a positiv ass. An jo, ech konnt ëmmer ganz vill Freed fillen... awer zäitgläich hunn meng Ängschten mech erdréckt an ech sinn méi wéi eemol doran ënner gaangen.
Mee irgendwéi hunn ech mech ëmmer iwwer Wasser gehaal... an dat Bescht aus sou munch herausfuerdene Situatioune gemeet. Mir war schon fréih kloer, dass ech Kanner an d´Lierwen begleeden wollt. Sou sinn ëch Joffer am Fondamental ginn an hunn och meng Léift zu der Musék an der Musekschoul un déi Klengste weiderginn.
Mat 28 Joer sinn ech fir d´zweet Mamm ginn. Eise Jong war grad 2 1/2 Joer al, wéi seng Schwester gebuer ginn ass. Ab do war ech immens oft iwwerferdert mat all menge Rollen, virun allem awer mat der Roll als Mamm. Meng Kanner hu mëch virun déi gréissten Herausfuerderung gestallt: Geschwëstersträit, staark Gefiller, Mental Load an den deeglechen Alldagswahnsinn hu mech an den Zoustand vun purer Erschöpfung bruecht. Ech hat mëch als Fra & als Mamm komplett verluer an der bedürfnisorientéierter Begleedung vun eise Kanner.
Ech war um Nullpunkt, mee eng Stëmm a mir ass ëmmer méi haart ginn an het mech dozou gedrängt mengem Häerz no ze goen. 2020 hunn ech mech dazou entscheed mäin Beruf als Léierin ob ze ginn, entgéint all Rotschlo vun deenen aneren an och mengen eegenen Ängschten. Eng Rees zeréck zu mir, zu deem fir wat ech wirklëch brennen, fir wat mäin Häerz schléit, zu där Persoun, déi ech wirklech déif a mir dran sinn... hunn ech ugefaangen.
Säit deem hunn ech mech a ville Beräicher ronderem d´Famill weidergebild. An eichter Linn fir mir a menger Famill ze hëllefen. Bindungsorientéierte Begleedung, gewaltfräi Kommunikation, selbstbestëmmte Bildung, EFT, Regulation vum Nervensystems ob Kierperebene (somatic work), Innere Kind & Schietarbecht etc, Resilienztrainerin bei "Stark auch ohne Muckis"....
Menge Kanner hier Gefillsstärkt huet mech dozu obgeruff, meng eegen Gefillsstärkt bewosst unzehuelen an ze léiren mat menge Gefiller ëmzegoen ouni direkt auszeflippen an gläichzäiteg ze erkennen, wat déi Gefiller mir wëllen soen. Och haut nach kann ech soen, dass ët nit ëmmer einfach ass, mat där Gefillsstäerkt ze lierwen. Et ass wéi eng Achterbahn... mol klappen d´Ängschten rem un der Diir, mol ass ët d´Roserei, mol einfach Trauregkeet. Ech duerft awer léiren déi Wellen ze surfen... an mir mäin emotionalen Anker ginn a mengen Gefillsszoustänn. Mat der Zäit hunn ech och déi schéin Säiten vun der Gefillsstäerkt dierfen kenne léiren. Wat een nämlech déi eng Säit méi déif tauche kann, wat een déi aner Säit och méi Héichten fille kann.
Lues a lues ass a mir déi Visioun gewuess een Raum zu Lëtzebuerg fir dës Themen ze schaafen.
Meng Arbecht wiist mat menger Passioun. Sou begleeden ech Fraen zeréck an hier Kraaft, fir méi Verbindung a méi Authentizitéit am Ëmgang mat sech an och eventuel mat hire Kanner. Mäi Beruf als Léiherin, hat ech nit verfeelt an deem Sënn, mee ech hunn erkannt, dass ech och hei meng Passioun dierf weider ginn... an dofir däerfen dann och Kanner bei mir de Raum kréien fir am Löwenheld Training gestäerkt duerch hiren Alldag kënnen ze goen.
Ech sinn frou iwwert all Mënsch, dee bereet ass, ze fillen ... hinzekucken... sech selwer ze lierwen an dës Welt mat senge Passiounen ze beräicheren.
Much love,
Michèle
Dës Ausbildungen a Programmen hu mech bis elo ob mengem Wee begleed..
- Bachelor en Sciences de l´éducation (Belgique) (2012)
- Musikgarten (2014)
- Meine Stimme in mir (2017)
- Waldbaden (2019)
- "Babysteps" von einfach Eltern (bedürfnisorientierte Begleitung von Babys & Kleinkindern) 2019
- Familyculture Aufbau von Avital Levy Schreiber (2021)
- Selbstbehauptungs- und Resilienztrainerin für Kinder (Stark auch ohne Muckis Ausbildung nach Daniel Duddek) 2023
- Wundervibe Methode (EMbodiment) nach Melanie Paonam (2024)
-the reconnected // Nervous System Reset (2025)
Froen ? Da schreiw mir gären.
info@michelebloes.com