Resilienztraining fir Kanner vun 7 bis 12 Joer

An dësem interaktiven Training, mat vill Spill a Spaass, léieren d´Kanner selbstbestëmmt fir sëch anzestoen an mat Konflikter positiv ëmzegoen.

Wat léieren d´Kanner an dësem Training?

- Wéi réagéieren ech, wann een anert Kand mech roosen mëscht oder nervt?

 

- Wéi trieden ech selbstsëcher ob? 

 

- Wat kann ech maachen, wann e mir eppes fort hëllt?

 

- Wéi ginn ech mat menge Gefiller ëm?

 

- Wéi huelen ech Hëllef, awer richtëg?

 

- Wéi kommunizéieren ech meng Grenzen kloer a bestëmmt?

 

- Wat sinn gutt Geheimnisser a wat sinn schlecht Geheimnisser?

 

- Wat ass den Ënnerscheed zwëschen Angscht an Onsëcherheet?


Nächst Terminer:

 

Training August:    7.8 + 9.8 jeweils vun 9h30 - 12h00 zu Réiden un der Atert

 

Training September: 11.9 + 13.9 jeweils vun 9h30 - 12h00 zu Réiden un der Atert


Löwenheld Training an der Maison Relais, an der Schoul, fir deng Klass oder de Veräin.

Loosst eis zesummen d´Kanner stäerken. Du bass Enseignant(e), Pedagog(in), Erzéiher(in) oder schaffs an engem Veräin mat Kanner? Den Training stäerkt nit just d´Kanner, mee och den Zesummenhalt an den Teamgeescht. Du wëlls deng Kanner déis du begleeds stäerken? Da mell dech bei mir a gemeinsam fanne mir de Wee, deen fir dech an däi Grupp Kanner passt.